Den 9. Mäerz fënnt d’Orange eLeague statt, déi offiziell lëtzebuergesch eFootball-Liga déi aus 32 Ekippen aus der BGL Ligue an Éierepromotioun besteet.
All Ekipp besteet aus 2 Spiller déi em d’Meeschterschaft kämpfen an och em d’Qualifikatioun fir d’Global Series deen een Deel vum Tournoi Orange eLeague ass.
Am ganzen ginn zwee Ticke’en fir an d’Play-Ins vum groussen Internationalen FIFA eWorld Cup ze gewannen ! Déi ginn allerdéngs un den beschten Gamer an un den beschten Veräin verdeelt.
Gespillt gëtt an enger Gruppephase wou déi 32 Ekippen an 8 Gruppen duerch 4 Ekippen gespléckt ginn. Bäi allen Spilldeeg ginn zwee 1 géint 1 Matcher gespillt wou déi 2 Gamer eenzel géinteneen optrieden an een 2 géint 2 Match wou béid Gamer vun béid Ekippen géinteneen spillen ! Dat heescht et kann een 3 Punkten pro Ronn huelen, dat entsprécht maximal 9 Punkten pro Spilldag.
Organiséiert gëtt den ganzen Projet vun der FLF an d’LESF.