WICHTEG INFORMATIOUN FIR DE MATCH GÉINT DEN FC VICTORIA ROSPORT DEN 16. MEE 2021 AM DEICHSTADION ZU ETTELBRÉCK


12 May 2021

Wéinst den neien sanitären Oplockerungen si rëm maximal 150 Zuschauer bei engem Match erlaabt. Fir de Match vun e Sonndeg sinn nach 120 Ticketen ze kréien ! Déi aner Ticketen sinn reservéiert fir d'Victoria Rosport. D’Supporteren vun Rouspert mussen sech dann och un hiren Veräin wenden an kennen bei eis weder Ticketen reservéieren nach an der Entréeskees kafen :

- Inhaber vun enger Dauerkaart vun der Etzella (och d’Elteren vun den Spiller vun der 1. Equipe)

- Inhaber vun enger Sponsorendauerkaart vun der Etzella mussen sech umellen fir en Gratisticket ze reservéieren

- All aner Leit mussen sech och umellen an den Entrée vun 10.-€ an der Entréeskees bezuelen
(och Leit mat FLF-Kaarten, eis Traineren a Jugendspiller)

All Umeldungen sinn bis spéitstens Freideg, den 14. Mee per SMS mat Numm an Virnumm um 621 162 833 beim Carlo Reeff oder per E-Mail creeff@pt.lu wann ech gelift.

Déi éischt 120 ugemellte Leit dierfen an de Stadion. Déi aner Zuschauer hunn leider keen Zoutrëtt. Et ginn also keng Ticketen méi an der Entréeskees. An der Entréeskeess läit eng Lëscht vun deene Leit déi hir Platz reservéiert hunn. Bréngt w.e.g. och d’Confirmatioun vun ärer Reservatioun mat.

OPPASSEN : All Spectateur muss sëtzen a muss eng Mask droen. An deem Sënn, déi éischt si vir !!