Wëllkomm Fatjon!


12 August 2021

Déijéineg déi de Match de Sonndeg verfollegt hunn, hunn sech villäicht d' Fro gestallt: Wenn ass dann de néie Stiermer? Heibäi handelt et sech em de Fatjon Celani! Den 29 Joer jonke Stiermer kennt aus der Regionaliga Bayern a kann a senger Karriär schonn op 180 Matcher zeréckblécken, bei deenen hien 58 Goaler an 29 Virlage virzeweisen huet! Mir hoffen dat hien seng Scorerpunkten dëst Joer nach weider ausbaue kann a wënschen him vill Gléck bei eis am Däich! Allez Etzella!