VICTORIA ROSPORT 0-3 FC ETZELLA


01 March 2021

Den FC Etzella huet den Sonndeg am 14 Spilldaag kloer géint den Victoria Rouspert an der Party Rent Arena gewonn. Den néizougang Téo Herr huet mat sengem Doppelpack d’Ekipp gehollef déi 3 Punkten mat heem ze brengen. Och den jonken Lucas Figueiredo konnt säin début féiren an krutt zum schluss puer minuten ze spillen. Stabil vun onser Säit aus geet et den Mëttwoch direkt rem weider géint Péiteng weu eis Jongen den 10. Spilldaag nohuelen.