Reprise bäi der FC Etzella


13 January 2020

Et geet rem lass !

Ab haut traineiert eis éischt Equip erem.
 
Gudd Nouvellen ginn et aus eisem Trainerstaff.
 
Wéi schons annoncéiert, den Neil Pattison bleift eis als Cheftrainer erhaalen, dest net zu lescht well hien mat dem Théo Malget (ex-Nationalspiller mat 46 Selektiounen an ex-Co-Trainer, ënner anerem vun Kanech) an dem Gabriel Vieira (fréieren Spiller vun der FC Etzella mat Erfaarung als Trainer) op 2 motiveiert Co-Traineren zreckgreifen kann.
 
Donievent bleift den Claude Schumacher der FC Etzella weiderhinn als Goalkeepstrainer erhaalen.
 
Esou kënnen mir an der Kontinuitäit un eisem regionalen Projet schaffen wei schons vun eisem Président den Tun di Bari erwähnt.
 
D'Equip an den Komitee begréissen daat ausdrécklëch..
 
Eng Réi Testmätcher sinn och schon geplangt an hei waerten och verschidden Spiller getest ginn, fir eis Equip ze verstärken !

Héi de Programm vum Januar :
 
• 18 Januar 17h00 Alisontia Steesel - FC Etzella
• 20 Januar 20h00 US Feelen - FC Etzella
• 21 Januer 19h45 UMW - FC Etzella
• 24 Januar 19h30 Avenir Beggen - FC Etzella (Mixte)
• 25 Januar 15h00 FC Etzella - Swift Hesper (Am Däich oder zu Feelen)
• 28 Januar 19h30 Sporting Mertzig - FC Etzella (Mixte)
• 30 Januar 19h30 RFCUL - FC Etzella
 
Allerdéngs freen mir eis och elo schon op den éischten Championnatsmätch den 23. Februar zu Rodange !
 
Allez Etzella !