NEWS | WICHTEG INFOEN FIR DEN MATCH GÉINT DEN RM HAMM BENFICA


15 November 2020

NEWS | WICHTEG INFORMATIOUN FIR DE MATCH GEINT RM HAMM BENFICA DEN 22. NOVEMBER 2020 AM DEICHSTADION ZU ETTELBRECK !
 
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun si per Gesetz maximal 100 Zuschauer bei engem Match erlaabt. Fir de Match vum 22. November 2020 Match sinn nach 85 Ticketen ze kréien. 
 
Déi anner Ticketen sinn réserveiert fir den RM Hamm Benfica. D’Supporteren vun RM Hamm Benfica mussen sech dann och un hieren Veräin wenden an kennen bei eis weder Ticketen réserveieren nach an der Entréeskees kaafen.
 
- Inhaber vun enger Dauerkaart (och d’Elteren vunn den Spiller vun der 1. Equip)
 
- Inhaber vun enger Sponsorendauerkaart
mussen sech umellen fir en Gratisticket ze reserveieren
 
- All aner Leit mussen sech och umellen an den Entrée vun 10.-€ an der Entréeskees bezuelen
(och Leit mat FLF-Kaarten, eis Traineren a Jugendspiller)
 
All Umellungen sinn bis spéitstens Mëttwochs, den 18. November 2020 per SMS um 621 162 833 oder per E-Mail creeff@pt.lu wann ech gelifft.
 
Déi éischt 85 ugemellte Leit dierfen an de Stadion. Déi aner Zuschauer hunn leider keen Zoutrëtt. Et ginn also keng Ticketen méi an der Entréeskees.
 
An der Entréeskeess läit eng Lëscht vun deene Leit déi hir Plaatz reservéiert hunn. Bréngt w.e.g. och d’Confirmatioun vun ärer Reservatioun mat.
 
OPPASSEN: All Spectateur muss sëtzen a muss eng Mask droen.
 
An deem Sënn, déi eischt si vir !!
 
Allez Etzella !