MERCATO | Etzella fëscht sech den Michel Witte fir den Gol !


13 June 2020

Nächsten Coup fir d‘Etzella.

 

Nom Depart vun eisem Grubi deen zréck an seng al Heemescht Salmrohr zréck geet no 4 wonnerbar Joer am Däich, huet d‘Etzella sech den Michel Witte fir den Gol gefëscht.

 

Den 21 Joer alen Golkipp huet ganz fréi am Gol bäi TSG 1899 Hoffenheim an Karlsruher SC ugefangen weu hien och am U16 Kader war bäi der DFB an ass spéiderhin nach beim VfB Stuttgart gewiesselt !

 

No senger excellenter Experienz an der Jugend kënnt den 1.94m groussen Golkipp vum BFC Dynamo aus der Nordregionalliga op Ettelbréck.

 

Herzlich Willkommen Michel.