MERCATO | Deadline Transfert fir d‘Etzella
29 July 2020
Gëschter ass et offiziell ginn, den 23 järegen brasilianeschen offensiv Mëttelfeldspiller Gustavo Hemkemeier kënnt op d‘Etzella an domat ass dat och eisen leschten Transfert.
Den Gustavo gouf beim SC International Porto Alegre forméiert an huet duerno säin éischten Profivertrag beim Toledo Esporte Clube ënnerschriwwen.
Mat dësem Transfert geet dem Gustavo säin Wonsch an Erfëllung an zwar an Europa ze spillen an awer och méi no ze sinn vun sengen Grousselteren déi di Lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.
Wëllkomm am Däich Gusti !