FC ETZELLA 1-1 AS LA JEUNESSE D‘ESCH


24 September 2020

Michel Witte ass säin Numm !

 

No enger Souveräner Leeschtung déi eisen Golkipp wärend der Partie absolvéiert huet an enger Englescher Woch am 5. Spilldag

géint d'Jeunesse Esch huet hien och an der Schlussphas dofir gesuergt dass den FC Etzella sech een wichtegen Punkt ergattere konnt !

 

Eis Jongen stoungen déi éischt Hallschent gutt an waren och gutt am Match mee sinn leider mat engem 1-0 Réckstand an d'Kabinnen gaangen.

Zweet Hallschent hunn se méi riskéiert an haten méi Offensiv Aktiounen. Dunn koum d'Iwwerraschung vun deem Mann, mat deem een am Mannste gerechent hat, de Michel Witte ! Ee Corner an der 91' Spillminutt, bei deem de Keeper no Indikatiounen vum Trainer mat eropgeréckelt war konnt hien domat den verdéngten Ausgläich maachen.

 

Ausschlaggebend waren och eis Supporter déi iwwert den ganzen Match fir gutt Stëmmung gesuergt hunn.

 

Rendez-vous um 16h00 den Sonnden an der Staat am Stade Achille Hammerel.