Et geet nees lass!


04 August 2021

Dëse Sonndeg (8/8/2021) rullt de Ball endlech nees an der BGL Ligue. Um 16 Auer treffen eis Jongen hei am Däich zu Ettelbréck op d`Victoria Rouspert. De Match leeft ënnert dem Regime "Covid Check" (maximum 300 Leit). Dir musst also entweder geimpft, genesen oder getest sinn (Zertifikat net vergiessen!). Alternativ kennt dir och ee Schnelltest op der Platz maachen, deen Iech vum FC Etzella offréiert gëtt! Sidd dir bis am Stadion gëllt Maskenpflicht net méi. Eis Buvette an de Grill wäerten och fir Iech op sinn! Kommt eisen FC Etzella ënnerstëtzen an zesummen huele mir déi éischt 3 Punkten! Allez Etzella!