Ee neien op der Trainerbänk!


26 August 2021

Mir hunn eis dëst Joer nieft neie Spiller um Terrain och op der Trainerbänk verstäerkt. De Georges Elsen, den säin UEFA A Schäin huet, wäert des Saison nieft dem Theo Malget Co-Trainer vum Neil Pattison sinn! De 34 Joer jonke Lëtzebuerger huet seng Trainerkarriär zu Mäerzeg ugefaange wou hien Jugendtrainer, Jugendkoordinator an och Trainer vun der 1. Ekipp war. Mir hoffen dass hien mat sengem Wëssen an Engagement zu ville Punkten des Saison bäidroe wäert! Allez Etzella!