De Pedro Moreira ënnerschreift säin éischte Vertrag!


09 March 2022

Säit de Pupilles (U9) spillt de Pedro an der Jugend vun der Etzella an ass des Saison erop an déi 1. Ekipp geréckelt! Hien konnt och schonn ee Match als Stammspiller géint d‘Fola spillen, wou hie gewisen huet dass hien ouni Problemer mathale kann! De flexibel asetzbare Pedro deen och 4 Joer am Jugendnationalkader war, kann souwuel an der Mëtt wéi och als Aussenverteideger spillen. Mir wënschen dem Pedro vill schéi Momenter am Etzella Trikot!