BGL Ligue - Racing Union FC 0:3 FC Etzella


26 November 2019

No der Lännermatchpaus ass d’Etzella Ettelbréck an der BGL Ligue mat oppenem Viséier an d’Partie gangen géint den Stater Racing ! Eng dach iwwerraschend an souverän 3:0 Victoire fir d'Etzella seu d’Press, d’Jongen aus dem Däich hunn vun Ufank un gewisen datt si déi 3 Punkten mat heem huelen wollten ! Interessant ze gesinn war och déi éischt 11, mam Jonken Gonçalo Rodrigues Fernandes deen Titulär war. D'Etzella war déi besser Ekipp a konnt sech dunn an der 19. Minutt duerch de Bidon belounen. De Schoss aus ronn 16 Meter war onhaltbar fir den Stater Gollkipp. An der 70. Minutten huet den Holtz e Fräistouss wonnerbar iwwert dem Racing seng Mauer gezierkelt an de Ball an de Filet gesat. 2:0 fir Ettelbréck ! 6 Minutte méi spéit huet de Kadrija mam 3:0 fir Ettelbréck fir d'Virentscheedung gesuergt. Dëst sollt dann och d'Schlussresultat sinn.