Infoen zum leschten Spilldaag den Sonndeg géint Wooltz


26 May 2021

OPGEPASST !!
 
Fir dee leschten Championnatsmatch dësen Sonndeg den 30. Mee um 16h zu Ettelbréck am Stade Deich géint den FC Wooltz 71 sinn just nach puer Billjeeën ze kréien.
 
Wéinst der 20-Joresfeier vun eisem Fanclub BOYS, deene mer häerzlech gratuléieren wëllen, waren Tickets gefrot an et kënnen lo just nach Leit mat enger Dauerkaart oder Member vum Veräin ee vun deenen leschten Tickets um 621 162 833 via SMS reservéieren.