NEWS | Den Kevin Holtz verléisst d'Etzella


08 May 2020

Den Kevin Holtz wëllt den nächsten Schratt an senger Karriär maachen an wiesselt op Nidderkuer.

Den Kevin huet d'Opportunitéit fir d'nächst Saison europäesch ze Spillen an elo och em den Championnat ze kämpfen. Den FC Etzella huet him keng Steng an de Wee geluecht, versteet säin Wonsch an wënscht him alles Guddes an sengem néien Challenge !

An 9 Joer wou hien an der éischter Ekipp aktiv war huet hien 188 Matcher hannert sech, 46 Goler geschoss an 31 virbereet ! Mir soen him Merci fir all seng Déngschter, als Spiller an als Kapitän.

D'Dier vum Däich wäert dir ëmmer opstoen !

Vill Gléck Kevin.